Meng Gemeng an enger App
Wat ass d'cityapp ?
D’cityapp ass en Kommunikatiounsinstrument wat der Gemeng eng modern an effizient Aart a Weis bitt, fir direkt a perséinlech mat hire Bierger ze kommunizéieren.
Eng cityapp ergänzt den Internetsite vun der Gemeng perfekt an erméiglecht et déi villsäiteg Funktionalitéiten vun engem Smartphone optimal ze notzen fir Informatiounen ze deelen, Servicer unzebidden an den Dialog mat der Gemeng einfach an zougänglech ze gestalten.
Fir d’Bierger steet d’cityapp bequem am Apple App Store an am Google Play Store zur Verfügung. Fir si heescht et d’cityapp eroflueden an d’Gemeng ëmmer an der Täsch hunn!
Eegenschaften vun der cityapp
Personaliséierbar
Faarwlech adaptéierbar a modular opbaubar, fir datt d'cityapp perfekt un d’Besoine vun Ärer Gemeng ugepasst ass
Flexibel
D’Moduler kënnen no an no bäigesat oder duerch anerer ersat ginn, fir d'cityapp un Är Ufuerderungen unzepassen
Kuerz Entwécklungsdauer
Eng éischt Testversioun kënnt Dir schonn bannent 8 Wochen op Ären Smartphone roflueden
Benotzerfrëndlech
Mat engem klore Fokus op d'Ufuerderunge vun de Bierger entwéckelt, fir eng einfach an intuitiv Notzung ze garantéieren
Automatiséiert
Informatiounen ginn esouwäit et méiglech ass automatesch vun der Internetsäit iwwerholl an aktualiséiert
Weiderentwécklung
Maintenance an zukünfteg Upgrades si mat abegraff, fir d'cityapp ëmmer um neiste Stand ze halen
Moduler
Wielt aus 16 Moduler, déi aus, déi am beschten op Är Gemeng passen
News
Aktualitéiten an Ukënnegungen an Echtzäit
Deelt wichteg Informatiounen iwwer d’cityapp, fir datt d’Bierger ëmmer um neiste Stand sinn iwwer alles, wat an der Gemeng geschitt.
Agenda
Interaktiven Event-Kalenner
Informéiert Är Bierger ganz einfach iwwer lokal Fester, kulturell Eventer, Mäert an aner wichteg Aktivitéiten an Ärer Gemeng.
Offall
Ëmwelt- an Offallmanagement
Informéiert Är Bierger iwwert d’Offallwirtschaft an Ärer Gemeng mat engem digitalen Kalenner fir d’Sammlungen vun den Dreckskëschten an automateschen Erënnerungen via Push-Notifikatioune.
Report-it
Meldungssystem fir Problemer
Bierger kënnen einfach Problemer op ëffentleche Plazen mellen. Dës Meldunge ginn direkt un d’Gemeng weidergeleet, déi sech drëms këmmere kann.
Ëmfroen
Frot Är Bierger no hirer Meenung
Gitt Ären Bierger d’Méiglechkeet, einfach, schnell an anonym hir Meenung iwwer wichteg Themen an Inititativen vun der Gemeng auszedrécken.
E-Reider
Den digitalen Reider fir Är Gemeng
Affichéiert all Är Avisen, Reglementer a Publikatiounen direkt an der cityapp, fir d’Bierger ëmmer iwwer déi neisten Ëntwécklungen an der Gemeng z’informéieren.
Bus
Ëffentlechen Transport
Echtzäitinformatiounen iwwert d’Buslinnen déi duerch Är Gemeng fueren, fir déi lokal Mobilitéit ze vereinfachen.
Vel'OH! / Vël'Ok
Vëlo-Stationen a Verfügbarkeet
Promouvéiert d’Mobilité douce, andeems Dir d’Statiounen an d’Verfügbarkeet vun den Vëloen (Vël’Ok/VelOH!) an Ärer Gemeng uweist.
Zuch
Ëffentlechen Transport
Affichéiert d’Zuchlinnen, déi duerch Är Gemeng fueren, souwéi d’Auerzäiten an Echtzäit, fir den ëmweltfrëndleche Transport ze vereinfachen.
Parking
Parkhaiser a Parkplazen
Weist d’Parkhaiser an Parkplazen un, mat Echtzäit-Informatiounen iwwer d’Verfügbarkeet vun de Parkplazen.
Kontakt
Kontaktinformatiounen vun der Gemeng op e Bléck
En zentraliséierte Beräich, wou all déi wichteg Informatiounen iwwer d’Gemeng ewéi d’Ëffnungszäiten, d’Telefonsnummer, d’Permanancen, asw zur Verfügung gestallt ginn.
Telefonsbuch
Interaktivt Telefonsbuch vun Ären Mataarbechter
Erlaabt et Ären Bierger einfach a séier dei richteg Kontaktpersoun ze fannen, fir hirt Uleies oder Ufroen ze klären.
Politik
Präsentéiert Är Politiker
Bréngt Är lokal Politiker méi no un Är Bierger mat enger Foto, enger Beschreiwung an hiren Kontaktdonnéeën fir eng besser Kommunikatioun tëscht de Bierger an den gewielten Vertrieder.
Vis-it
Trëppelweeër, historesch Gebaier a Monumenter
Gitt Äre Bierger d’Méiglechkeet, d’Trëppelweeër, historesch Gebaier a Monumenter an der Gemeng mat enger interaktiver Kaart, Fotoen a Beschreiwunge z’entdecken.
Find-it
Plattform fir Geschäftsleit an der Gemeng
Gitt den Geschäftsleit aus Ärer Gemeng eng Plattform, fir hir Geschäfter online ze presentéieren an hëlleft Ären Bierger lokal Geschäfter z’entdecken.
Meteolux Alerten
Automatesch Notifikatiounen an Noutsituatiounen
Push-Notifikatiounen ginn automatesch verschéckt, fir d’Bierger iwwert eng MeteoLux Alerte wéinst extremen Wiederconditiounen séier z’informéieren.
Dir hutt eng Iddi fir e Modul, deen mir nach net ubidden?
Mir entwéckelen dësen gären no Äre Virstellungen.
Wat kann d'cityapp nach ?
Push Noriichten
Schéckt eng Push Noriicht un Är Bierger fir se op wiechteg Informatiounen opmierksam ze maachen.
All Är Push Noriichten ginn op enger Säit ugewisen, fir datt se och spéiderhin nogelies kënne ginn.
Méisproochegkeet
D’cityapp ass méisproocheg :
- Franséisch
- Lëtzebuergesch
- Däitsch
- Englesch
Den cityapp Manager
Den cityapp Manager ass en Webinterface deen et Iech erlaabt all d’Informatiounen déi an der cityapp ugewisen ginn ze bearbeschten.
Dir hutt Zougrëff drop zu all Moment an iwwer all Browser.
Eis Clienten
43 cityapps hu mir schonn developpéiert
Wien si mir ?
Mir hunn eis Rees mat der Entwécklung vu Wi-Fi-Netzwierker ugefaangen an 2012 den entscheedende Schrëtt an d’cityapp-Entwécklung gewot.
Haut kënne mir mat Stolz op eng laangjähreg Erfarung an der Entwécklung vun mobilen Applikatiounen zeréckblécken. Iwwer d’Jore hu mir eis déi néideg Kompetenzen an dee richtege Bléck fir Detailer ugeeegent, fir mobil Applikatiounen z’entwéckelen, déi net nëmmen nëtzlech, mee och qualitativ héichwäerteg sinn an optimal op d’Bedierfnesser vun de Gemengen an hire Bierger zougeschnidde sinn.
Eis Missioun ass et, de Gemengen e praktescht Instrument un d’Hand ze ginn, wat d’Kommunikatioun mat de Bierger am Alldag vereinfacht.
Sidd Dir och un enger cityapp interesséiert ?
Mellt Iech einfach bei eis via e-mail oder iwwer Telefon. Mir weisen Iech gären d’cityapp am Detail.
Méindes bis Freides vun 08:00 bis 16:00